!!! Gutt Néiegkeeten !!!

Ab e Méinden, dem 20. Abrëll 2020 mécht eis Kompostanlag an eis Landschaftsgäertnerei hir Dieren erëm op. 

E puer Reegelen déi ze respektéieren sinn:

Mir bieden Iech déi zwee Meter Distanz zu eise Mataarbeschter ze haalen, sou wéi och zu aner Clienten. 

Mir rechnen mat groussem Andrang (vue dass wonnerbart Wieder war a jiddereen am Gaart geschafft huet) an hoffen op Är Gedold, Solidaritéit a Matgefill wann et e bësse méi lang dauert bis Dir Ären Offall kënnt oflueden. 

Och wëlle mir dem Här Bettel säi Message nach eng Kéier preziséieren: wann Dir net onbedéngt must Äre Gréngschnatt ofginn, da bléift doheem! 

Mir freeën eis Iech erëm ze gesinn a rappeléieren nach eng Kéier drun, dass Dir w.e.g. den Ofstand vun 2 Meter respektéiert. 

Léif Gréiss, 
Äert Team vun der Kompostanlag Mamer an der Landschaftsgäertnerei Hilbert

Liwwerungen méiglech: Mulch, Buedem & Kompost 
Tel: +352 691 819 670
Email: info@lgh.lu

Léif Clienten, 
Wéinst dem Etat de Crise wou eise Premier Minister Xavier Bettel ageruff huet wéinst dem COVID-19, bléift d’Kompostanlag an eis Gäertnerei ab Freides, dem 20ten Mäerz 2020 um 17 Auer bis op Weideres zou. 
Mir bieden Iech Är Offäll w.e.g. net an der Natur z’entsuergen, mee laanscht ze bréngen wa mir erëm op sinn.
Fir ze wëssen op mir nees op sinn, kuckt w.e.g. op Google, op eiser Website oder rufft eis un um 691 81 96 70.
Mir soe Merci fir Äert Verständnis a passt gutt op Iech op.
Äer Landschaftsgäertnerei Hilbert

Depot a Büro
39, route de Kehlen
L-8235 Mamer

Tel: +352 691 819 670

info@lgh.lu